An eisem neien Eeër-Verpakungszenter zu Eeselbuer bei Klierf ginn d’Eeër vun 3 Marken op héichspezialiséierte Maschinne kontrolléiert, duerchliicht, op Hoerrëss a Verschmotzung gepréift, duerno verpaakt a fir den Transport prett gemaach.
Mir verpaken Eeër vun dräi Marken:
- d’Mark OVOLUX aus Buedem- a Fräilandhaltung (aus Lëtzebuerg an der Groussregioun),
- d’Mark Ferme Arend aus Buedem- a Fräilandhaltung (aus Lëtzebuerg),
- d’Mark BIO-OVO, Bio-Eeër aus Lëtzebuerg an der Groussregioun.
Den Transport vun de Bauerenhäff an de Pakzenter a vum der Pakzenter bei d’Clienten gëtt exklusiv mat eisen eegene Gefierer gemaach: 2 Camionen an 2 Liwwerween.